Lëtz’ Make Music
LU «Moien, Luxembourg!», soen auslännesch Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi an der Philharmonie op Besuch sinn, oft bei hirem Optrëtt, fir hire Public an der Landessprooch ze begréissen. Mee 2024/25 wäert dës Uried an der Originalversioun gesot ginn – als Éierung vun der lëtzebuergescher Musekszeen.
Fir d’éischt mat engem Concert, deen de Concerto fir Euphonium vum Komponist Marco Pütz mat engem neie Wierk verbënnt, dat dem Pascal Schumacher sengem virtuose Vibraphon gewidmet ass.
Duerno spillt de jonke lëtzebuergeschen Cellist Benjamin Kruithof am Kader vu senger Ernennung als «Rising star» zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker am CAPE zu Ettelbréck dem Pjotr Iljitsch Tschaikowski seng Variatiounen iwwer e Rokoko-Theem. Den Ensembel verwierklecht vu senger Säit d’Kreatioun vum Out of the blue, Resultat vun enger Ufro vum Staat, déi un de Komponist Claude Lenners weider ginn ass an och zu Köln op Tournée gaangen ass.
D’Pianistin Cathy Krier féiert d’Serie «Yoga at the Phil» weider wärend deem hir Kompatriotin, d’Komponistin Catherine Kontz, d’zweet Editioun vum Festival rainy days ubitt, deen zanter 2023 ënnert hirer Leedung steet a sech zu engem feste Rendez-vous vun der
zäitgenëssescher Musek entwéckelt huet. Der Catherine Kontz hir Musek steet, ënner anerem, am Mëttelpunkt vun enger vun de Produktioune vun der Laangzäitserie «Musikalesch Aventuren» fir Kanner. Dëst ass eng schéi Geleeënheet, fir drun ze erënneren, dass de jonke Public net vergiess gëtt – net just mat dësen «Abenteuer», mee och mat der Serie «Loopino», déi alle béid op Lëtzebuergesch sinn.
Weider Highlights sinn e Concert vun den Lëtzebuerger Philharmoniker, dirigéiert vum Gast Waltzing, an de Kino-Concert «Asphalt» mat Musek vum Francesco Tristano. An net ze vergiessen: d’Concerte vun den United Instruments of Lucilin wärend der ganzer Saison oder den Optrag un den zu Lëtzebuerg gebuerene Komponist Hy-Khang Dang am Kader vun der Luxembourg Philharmonic Academy.
Zu gudder Lescht léisst d’Serie «Fräiraim» der lokaler Zeen Carte blanche fir vill verschidde Concerten: vu Metal iwwer zäitgenëssesch Musek bis hin zu traditionelle lëtzebuergesche Kläng.
Moien a merci, Lëtzebuerg!
Anne Payot-Le Nabour